Kaffi oder Téi?

Vill Leit drénke moies eng Taass Kaffi.  Ech drénken heiansdo eng Taass

Kaffi mat Mëllech. Dacks drénken ech en och schwaarz.

Ech drénke scho laang kee Kaffi méi mat Zocker.

 

Mir hunn eng Kaffismaschinn mat Pads. Dat ass praktesch. Et gëtt och Kaffismaschinne mat Kapselen. Dat ass net sou gutt fir d’Ëmwelt.

De Weekend maache mir e Krou Kaffi. Mäi Mann drénkt säi Kaffi och schwaarz.

 

Ech maache mir moies meeschtens eng Taass Téi. Ech drénke gär gréngen Téi oder Kraidertéi. Ech drénken och vill Téi am Dag an och ëmmer eng Taass Téi owes nom Iessen. Ech drénke mäin Téi ouni Zocker.

 

Ech hunn eng Téimaschinn. De Weekend maachen ech mir e ganze Krou Téi. Ech fëllen den Téi an d’Thermosfläsch. Sou bleift den Téi waarm.

 

Vill Leit drénke schwaarzen Téi. Schwaarzen Téi gëtt meeschtens mat Mëllech an/oder Zitroun gedronk.

 

Vill Kaffi drénken ass net gesond. Awer schonn eng Taass Kaffi mat 100 mg Kaffein ass gutt géint Demenz an Alzheimer. Wann Dir léiwer schwaarzen Téi drénkt, dee muss 2 Tasen drénken, well eng Taass schwaarzen Téi huet nëmme 50 mg Kaffein.

Den Téi wierkt méi lues, awer dofir méi laang wéi de Kaffi. 


Och Schocki huet Kaffein! Kakaobounen entahlen och Kaffein. Allerdéngs huet eng Taass Schocki nëmmen 10mg Kaffein. 


1.       Drénkt Dir / drénks du léiwer Kaffi, Téi oder Schocki?

 

2.       Hutt Dir / hues du eng Kaffismaschinn doheem? Mat Pads? Mat Kapselen? Mat Filtertut?

 

3.       Drénkst Dir / drénks du vill Kaffi?

 

4.       Wéi drénkt Dir / drénks du de Kaffi oder den Téi?

 

5.       Wat fir een Téi hutt Dir / hues du am Léifsten?